Kultur
E face-à-face am Mudam
4 min
2009 gouf et éischt Gespréicher tëschent dem Mudam an dem Saarland Museum vu Saarbrécken, elo presentéiere béid Haiser ënner dem Motto "face-à-face" jeeweils eng Ausstellung, an där Konschtwierker, richteg Schätz, aus béide Sammlunge gemeinsam gewise ginn. Eng spannend Geschicht, well duerch Konfrontatioun Dialog entsteet. An zwar tëschent der däitscher a franséischer Avant-Garde vun 1880 bis 1960 aus dem Saarland Museum an der zäitgenëssescher Konscht vun 1980 bis haut aus dem Mudam.
Déi Responsabel fir d'Mudam-Collectioun Marie-Noëlle Farcy hat also am Virfeld mat de Kënschtler hanner de Mudam-Aarbechten ze dinn, a si huet d'Erfarung gemaach, datt déi modern Konscht vu Saarbrécken aus Conservatiouns-Grënn net endlos gewise ka ginn.