arrow_back_ios
Kultur
Den Hannergrond vum Prix Goncourt
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Brigitte Giraud ass mat hirem Roman "Vivre vite", dee bei Flammarion erauskoum, d'Laureatin vum Prix Goncourt 2022. D'Gebridder Goncourt hu viru ronn 120 Joer d'Société Littéraire des Goncourt gegrënnt, an de Philippe Hansen wollt gëschter an der Emissioun Kultur um 5 vum Valerija Berdi méi Informatiounen iwwer dëse renomméierte Literaturpräis kréien.