arrow_back_ios
Kultur
Musek vum Enn vun der Welt
Zanter e puer Joer huet de Lëtzebuerger Museker Daniel Balthasar sech et zur Gewunnecht gemaach, fir a mythesche Studioen uechtert Welt opzehuelen an sech esou en Dram ze erfëllen. Fir seng neiste Single "Burning" ass hie bis un d'Enn vun der Welt gefuer, an zwar op déi norwegesch Insel Giske, an d'Ocean Studios. An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet hien am Gespréich mam Claudine Muno vun där ongewéinlecher Erfarung erzielt.