Kultur
Siwe Paarten an ee phenomenale Concert
Gëschter Owend stoung an der Philharmonie ee Concert op der Affiche, dee méi wéi ee gudden Zweck huet. Virop war et de 46. Galaconcert vun der Associatioun "SOS Villages d'enfants Monde" - eng Associatioun déi schonn eng laang Concertstraditioun mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg deelt. Mam Orchester op der Bün stoung och déi 24-Joer-jonk Cellistin Hayoung Choi. An een aneren Highlight vum Owend war datt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Weltpremière vum Luc Grethen senger Kreatioun "Seven Gates" gespillt huet. D'Marie Schockmel war fir eis live an der Philharmonie dobäi, an huet am Virfeld och ee spannend Gespréich mam Luc Grethen gefouert - dobäi war gëschter net nëmmen ee besonneschen Owend fir de Lëtzebuerger Komponist, mä och nach wéinst engem anere Grond.