Biotop
Nohalteg Feierdeeg, wéi kënnen déi ausgesinn?
Feierdeeg si staark kulturell verwuerzelt. Frënn a Famille kommen zesummen an halen esou d'Traditiounen um Liewen. Vu Kaddoen iwwer Deko-Artikele bis bei d'Iessen kréien eis Feierdeeg awer mëttlerweil en net-nohaltege Bäigeschmaach. Dobäi sinn Traditioune keng statesch Ritualer, déi ëmmer d'selwecht mussen ausgesinn, mee kënnen sech mam gesellschaftleche Wandel och veränneren. Mam Klimawandel kënnt et bei ville Leit zu engem Ëmdenken an dowéinst musse mir eis Aart a Weis d'Feierdeeg ze genéissen iwwerdenken. Wéi, dat erkläert Birgit Gödert-Jacoby vun Natur an Ëmwelt.