arrow_back_ios
Kultur
Nohall ESCH2022
Bei engem Kulturhaaptstad-Joer sti fir de breede Public kulturell Evenementer am Mëttelpunkt. Point de vue Budget fält awer op, datt déi gréisst Montanten heefeg an d'Infrastruktur investéiert ginn. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun deemno konkret an deem Kontext?
Dat hu mir mat der fréierer CSV-Politikerin Erna Hennicot-Schoepges, der aktueller Generaldirectrice vun Esch2022 Nancy Braun an der Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun Simone Beck diskutéiert.