arrow_back_ios
Kultur
Berlioz an der Philarmonie a live op Antenn
Et war wärend enger Partie Kaart, wou den Hector Berlioz déi éischt Skizze vu sengem Oratorium "L'enfance du Christ" gemaach huet. 1854 war d'Uropféierung vun dësem Wierk tëschent Intimitéit an Theatralik, dat de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey gëschter Owend ënner der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann opgeféiert huet.
De radio 100,7 huet zesummen mat SR2 KulturRadio de Concert live iwwerdroen, an de Guy Engels hat sech am Virfeld mam Dirigent Hans-Christoph Rademann ënnerhalen.