Kultur
D'Cristina Nunez iwwer "Art as experience"
Enn der 1980er. D'Katalanin Cristina Nunez, Joergang 1962, huet deemools, no enger Jugend mat Suchtproblemer a Kriminalitéit, de Foto-Autoportrait als den ideale Moyen fir sech auszedrécken entdeckt. Duerch d'Aarbecht mat der Kamera huet si ugefaangen Emotiounen erauszeloossen, eng nei Connectioun zu der Welt ze fannen. Si huet d'ASBL Art as experience gegrënnt, déi mëttlerweil hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an huet 30 Joer Autoportrait-Workshoppe fir iwwer 4.000 Leit ginn; déi lescht zwee Joer fir eng 50 am Kontext vun Esch2022.
D'Resultat kënnt Dir a Form vun enger reeller Expo an der Maison du savoir op der Uni Lëtzebuerg um Belval gesinn, respektiv als Online-Expo. Ob a Selfie-Zäiten den Interessi vu Jonken un engem Autoportrait-Workshop net ofgeholl huet, wollte mir ë. a. vun der Cristina Nunez wëssen.