Kultur
D'Nancy Braun zum Theema Architektur a Kulturhaaptstad
Bei engem Kulturhaaptstad-Joer sti fir de breede Public kulturell Evenementer am Mëttelpunkt. Point de vue Budget fält awer op, datt déi gréisst Montanten heefeg an d'Infrastruktur investéiert ginn. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun deemno konkret an deem Kontext? Dat hu mir gëschter tëschent 11 an 12 an Nohall ESCH2022 mat der Erna Hennicot-Schoepges, der Simone Beck an der Nancy Braun diskutéiert.
D'Nancy Braun ass net just Generaldirectrice vun Esch 2022, mee war och beim Kulturjoer 2007 als Coordinatrice adjointe aktiv. Deemools hat den international bekannte Fotograf Martin Parr hei ausgestallt a Lëtzebuerg als e "Museum of old France" bezeechent. Dozou elo d'Nancy Braun: