Kultur
"Im Herzen des Orchesters"
Haut den Owend gesäit an héiert een en Orchester wéi nach ni virdrun. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg invitéiert hei op ee ganz innovatiivt Concerts-Konzept am Kinneksbond zu Mamer - ee Concert, bei deem d'Opstellung vum Public an dem Orchester eng ganz aner ass, wéi déi, déi ee vun engem klassesche Concert gewinnt ass. Hei ass et esou, datt de Public matten am Geschéien ass.
D'Corinna Niemeyer, artistesch Directrice an och Chef-Dirigentin vum OCL, huet dem Marie Schockmel gëschter Metteg a Resonanzen méi verroden, ënner anerem, wéi si sech fillt, wa si matten an dësem immersive Concert steet.