Biotop
Kanéil, Neelcheskäpp, Kardamom, Sesam a Stärenanäis
Am Dezember vermësche sech exotesch Gewierzer wonnerbar mat den traditionellen. D'Vanill, d'Kinnigin vun de Gewierzer, kënnt dëse Mount ganz besonnesch zu Éieren.
Fréier ware Gewierzer ganz wäertvoll an deier an och haut kënne mir eis se net méi ewechdenken an der Kichen. Besonnesch ëm Chrëschtdag gëtt vill dermat hantéiert, ob fir ze kachen oder ze baken. An esou exotesch Gewierzer schmaachen net nëmme gutt, mee hunn och eng positiv Wierkung op eis Gesondheet.
Kanéil, Anäis, Neelcheskäpp a Kardamom sinn intressant Gewierzer, déi mir eis hei méi genee ukucken, zesumme mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem.
Wanterlecture-Tippe vun der Dana:
"Gebrauchsanweisung fürs Gärtnern" vun der Gabrielle Pape, eng vun de bekanntste Gäertnerinnen aus Däitschland. Si beschreift an dësem Buch verschidden interessant Experienzen aus hirer Karriär.
"Der Wurm drin" vun der Katharina Stegelmann/Barbara Supp, zwou Spiegel-Journalistinnen, déi hir eege Garden-Erfarunge ganz éierlech beschreiwen.
"Hier wächst nichts" vum Jörg Pfenningenschmidt/Jonas Reif. De Jörg Pfenningenschmidt ass als Staudenguru an Däitschland a fir säi bëssegen Humor a seng Éierlechkeet bekannt.
"Permakultur" vun der Angela Gerlach. Permakultur ass e ganz vast a komplext Theema, hei am Buch op eng ganz einfach Aart a Weis erkläert: nämlech gemoolt. D'Angela Gerlach ass Illustratorin vu Beruff an huet hiren Hobby, d'Permakultur an enger Aart Comic verschafft.