Kultur
Schnéiwittchen façon Emmi Martija
D'Schnéiwittchen ... dausendmol nei editéiert, verfilmt, opgeféiert? Fir d'Emmi Martija, Illustratorin/ Cartoonistin/ Schauspillerin bei der Wolzer ASBL fir Inklusioun Coopérations, kee Grond, net eng 1001. Versioun ze proposéieren. Nämlech hir eegen: eng Parodie ënner dem Titel "Regenwittchen". E Statement géint de Klischee vun zockerséisse Prinzessinnen a Prënzen, déi sech vu Loft an Äppel ernären, mee fir Persounen, déi zu sech selwer stinn, an dann och zu hirem komme kënnen. D'Kerstin Thalau war d'Emmi Martija op Wolz besichen.