Dauer: 1h10
Fir 2-3 Glieser Schockelasmousse brauche mir:
- 400 g Seidentofu
- 80 g Schockela
- 50 ml Ahornsirop
Virbereedung:
1. De Schockela am Bain-Marie schmëlze loossen
2. De Seidentofu zesumme mam Ahornsirop an de Mixer ginn a gutt vermëschen bis et cremeg ass
3. De geschmoltene Schockela an de Mixer dobäiginn, an alles nach eemol gutt mixen
4. A kleng Schosselen oder Glieser opdeelen, a fir ronn eng Stonn an de Frigo stellen
5. Dono kann een d'Schockelasmousse nach mat Schockelasstécker oder mat Kakaopolver dekoréieren
Rezepter fir vegan Schockelasmoussë ginn et der vill, amplaz vum Seidentofu kéint een z. B. och Avocado huelen.