Gebuer zu Déifferdeng war den Emile Mark an der Cité du Fer als Véidokter aktiv, awer och als Politiker. Sou war hie vun 1911 bis zu sengem Dout Buergermeeschter vun Déifferdeng. En plus war hien och an der nationaler Politik als Deputéierten an der Chamber aktiv. Hei war hien och Vizepresident vum héijen Haus. Den Emile Mark ass den 19. Mee 1935 am Alter vu 60 Joer gestuerwen. Zu Déifferdeng gouf eng Strooss no him benannt an et fënnt een hei och eent vum Claus Cito kreéiert Monument zu Éieren vum Emile Mark.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 152 Joer koum den Emile Mark op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min