Bei dësem Ongléck, deem éischten an eenzege vum Passagéier-Iwwerschalljet, hunn 109 Mënschen an der Maschinn, wéi och 4 Persounen um Buedem, hiert Liewe verluer. De brittesch-franséische Prestige-Fliger ass beim Start um Flughafe Paräis-Charles de Gaulle op der Startbunn iwwer ee Metallstéck gefuer, dat virdrun eng aner Maschinn verluer hat. Dat huet zu enger Kettereaktioun an engem gebaschten Tank an engem Feier geféiert. De Start konnt net méi ofgebrach ginn an esou ass d‘Concorde kuerz nom Depart verongléckt. Dës Katastroph huet d‘Enn vun der Concorde agelaut.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 26 Joer ass eng Concorde verongléckt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min