arrow_back_ios
Kultur
De Julien Hubsch op der Sich no Originnen
Ufangs des Mounts gouf dee jonke Lëtzebuerger Kënschtler Julien Hübsch fir eng Residenz an der Cité des Arts zu Paräis ausgewielt. De Kënschtler setzt sech a sengem Wierk mat Spueren am ëffentleche Raum auserneen - Graffiti, Vandalismus oder och Urbanismus. Musekfans kennen hien als eng Hallschent vum Duo Sheebaba. Um Mikro vum Marc Clement erkläert hien dee Projet, mat deem d'Residenz soll verbruecht ginn.