Iwwer 10.000 Persoune sinn dëst Joer zu Lëtzebuerg an d'Epicerie sociale vun der Caritas an der Croix-Rouge akafe gaangen. Dat ass eng Hausse vu 5 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. An den 12 Epicerie-socialen uechtert d'Land kaschten d'Liewensmëttelen an d'Haushaltsartikelen een Drëttel vun deem, wat een a gängege Supermarchéen zu Lëtzebuerg bezilt. D'Marlène Clement war an eng Epicerie sociale kucken an huet op der Plaz mat Clientë geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Méi Clienten an den Epicerie-socialen
headphones
42 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
