Sot Dir Cadeau oder Geschenk? Déi Lëtzebuerger Sprooch gëtt eis jo zwou Méiglechkeete fir dat, wat mir ënner eisem Chrëschtbeemche fonnt hunn, ze bezeechnen.
Den Auteur Jean Portante huet a sengem Frëndeskrees nogefrot an huet realiséiert, datt do "Cadeau" bei Wäitem méi geleefeg ass. Mee wou kënnt deen Term iwwerhaapt hier?