Kultur
Nei Songwriterin um Radar: Miki
Mat just 23 Joer ass d'Miki Lidderschreiwerin a Regisseurin. Si ass zu Lëtzebuerg opgewuess, huet hir Studien an England gemaach, ass Südkorea entdecke gaangen an huet sech da schlussendlech zu Paräis néiergelooss, fir an engem Museksprojet hir zwou Passiounen zesummenzebréngen: Musek a Film. Fir net mussen tëschent deenen zwee ze wielen, baut si Brécken a realiséiert hir eege Museksvideoen. D'Mikki huet gëschter Owend (28.12.) am Gudde Wëlle gespillt. De Concert war ausverkaaft. De Marc Clement hat virdrun d'Geleeënheet mat der Musekerin ze schwätzen.