D'Schoulen huelen all Joers eng 2.000 Schülerinnen a Schüler op, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg plënneren. D'Orientatioun an de Suivi vun dëse Kanner soll elo reforméiert ginn.
D'Pia Oppel huet mam Pierre Reding, dem Chef vun der Generaldirektioun fir d'Integratioun am Educatiounsministère doriwwer geschwat, wat am Gesetzesprojet steet.