arrow_back_ios
Kultur
Dat éischt Wuert vun der Woch fir 2023 ass "Joer"
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Mir hunn virun e puer Deeg en neit Joer ugefaangen, gutt hoffentlech, a bestëmmt huet jiddweree vun eis méi wéi eng Kéier d'Formel "Vill Gléck am neie Joer" am Mond gehat. A vläicht och "Bonne année"? De franséischen Term "année" oder "an" kënnt vum réimeschen "Annus", dee quasi all déi romanesch Sproochen adoptéiert hunn. Interessant gëtt et, wa mir kucke ginn, wat "Annus" am ale Roum geheescht huet.
Begleet de Jean Portante op der Sich no sengem éischte Wuert vun der Woch ... am neie Joer.