Kultur
Literatur aus Lëtzebuerg - gäre gelies?
4 min
Am Kader vum nationale Kulturentwécklungsplang 2018-2028 organiséiert de Kulturministère sektoriell Assisen. Elo war et um Buch, der Literatur an der Editioun. An der Nationalbibliothéik gouf am Virfeld vun den Table-rondë mat de betraffenen Acteure vum Buchsecteur en Etat des lieux presentéiert, deen d'Wëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz zesummegestallt huet.
D'Valerija Berdi wollt vun der Fabienne Gilbertz wëssen, wéi eng Roll d'Lieserinnen a Lieser an deem ganzen Debat spillen a wéi een iwwerhaapt d'Leit dozou motivéiert kritt, sech mat der Literatur aus Lëtzebuerg ze befaassen.