Kultur
Kultur | lx "iwwerhëlt" d'Biennale vu Venedeg
4 min
2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur | lx an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland ass, vun der visueller Konscht zum Beispill. Vu datt et net ENG Lëtzebuerger Konscht an DE Lëtzebuerger Kënschtler gëtt, suivéiert d'Hélène Doub vu Kultur | lx Kënschtler, déi en nohaltegen Impakt op déi lëtzebuergesch Zeen hunn, plus d'Evolutioun vun hirer Konscht. Vun 2023 u wäert Kultur | lx och d'Gestioun vum Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg iwwerhuelen. Mee wat bedeit dat?
D'Selektioun vun de Kënschtler, de Montage vun hirer Expo zu Venedeg, also de kuratoreschen an intellektuelle Volet bleift bei den Institutioune Casino, Mudam an dem Luxembourg Centre for Architecture. D'Hélène Doub wäert sech ëm d'Kommunikatioun ronderëm de Pavillon, d'Accumulatioun vu Connaissancen a Kontakter bekëmmeren.