Fräie Mikro
Eng Couverture universelle ouni Perspektiven
3 min
Am alleréischten Artikel vun der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter steet: "All Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit a mat deene selwechte Rechter". Dozou gehéiert och d'Recht op gesondheetlech Versuergung fir jiddwereen, onofhängeg vu senger administrativer a sozialer Situatioun.
2022 gouf d'Couverture universelle zu Lëtzebuerg ageféiert, eng laangjäreg Fuerderung vun der Zivilgesellschaft. Mee ass domat den Zougang zur Gesondheetsversuergung wierklech méi einfach gi fir Mënschen, déi vum klassesche System ausgeschloss sinn?, freet d'Laura Zucoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.