Kultur
Can Anne Simon and Nora Koenig have it all?
Fra, fräischaffend Kënschtlerin plus Mamm sinn ... ass dat hautdesdaags alles ënner een Hutt ze bréngen? Zemools an dëser Gesellschaft, mat hiren zum Deel vereelzte Strukture plus Erwaardungen, déi lescht grad och am Beräich vun de sozial Medien?
D'Metteure-en-scène Anne Simon an d'Schauspillerin Nora Koenig hu sech mam Sujet wärend enger zwou Woche laanger Kënschtlerresidenz am Neimënster beschäftegt.
D'Resultat ass d'Multimedia-Expo "We can have it all. Do fembots still have time for a burn-out?". D'Ausstellung presentéiert jäizeg schréi Fotomontagen a verschiddene Formater, krass Sloganen an eng Audioinstallatioun. Dozou d'Anne Simon an d'Nora Koenig