Kultur
En Dram op véier Patten an der Cecil's Box
No 15 Joer Experienzen am Beräich Grafikdesign, ënner anerem an engem Verlag an am Theater, huet sech d'Miriam Rosner 2019 ënner dem Numm Monogram selbststänneg gemaach. Bis den 30. Abrëll presentéiert si eng Kreatioun an der Cecil's Box, d'Ausstellungsvitrinn vum Cercle Cité an der Paschtoueschgaass: eng ideal Plattform, well se permanent accessibel ass.
Ze gesinn ass en Hommage un de Museker an Auteur David Berman, dee fir seng Albdram-änlech Texter, déi eppes vun absurde Landschaften hunn, bekannt war. Nieft engem wäissen Hiem, op dat d'Miriam Rosner e Berman-Gedicht mat roudem Fuedem brodéiert huet, fält eng schwaarz monochrom Retro-Illustratioun op: e Strauss, eng Kanéngchen an e butzege Mënsch an engem Glasbokal schéngen an engem Labo fir Geträipsanalys gelant ze sinn. Inspiratioun léisst sech net steieren, esou d'Miriam Rosner, fir dës Aarbecht hätt si awer net laang nodenke missen.