Kultur
D'Kathrin Mess iwwer dräi Lëtzebuerger Resistenzlerinnen
3 min
De Widderstand vun de Lëtzebuerger Frae géint den NS-Regimm gouf, am Verglach zu deem vun de Männer, vill ze wéineg wouergeholl an ënnerschätzt. Dat huet déi däitsch Historikerin Kathrin Mess an engem Virtrag d'lescht Woch an der Abtei Neimenster gewisen. An deem ass et virun allem ëm déi dräi Lëtzebuergerinnen Yvonne Useldinger, Madeleine Weis-Bauler a Lily Unden gaangen. Allen dräi goufe si an d'KZ Ravensbrück deportéiert a goufen do Member vun engem Lëtzebuerger Widderstandsgrupp. Mee och hir Léift fir d'Konscht a fir d'Schreiwen huet si verbonnen. Si hunn hir Erliefnisser festgehalen, sief et a Form vun Texter an Tagebicher, oder a Form vun Zeechnungen.
D'Historikerin huet am Gespréich mam Sophie Schroeder erkläert, wat et bedeit huet, an esou Extreemsituatiounen ze schreiwen an dës Erënnerunge festzehalen.