arrow_back_ios
Een zwee Jazz
Eng däitsch Ausnamepianistin an zwee Gebuertsdagskanner
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
Am Interview: Déi däitsch Ausnamepianistin Johanna Summer, déi d'lëscht Joer um Reset Festival an der Abtei Neimënster dobäi war, ass trotz hiren eréischt 28 Joer bei Wäitem kee Nowuesstalent méi, mee ass mat hirer zweeter Release "Resonanzen" beim prestigiéisen däitsche Label ACT schonn eng etabléiert Artistin an der däitscher an europäescher Jazzzeen.
Den Album "For Musicians Only" aus dem Joer 1958 regroupéiert den Dizzy Gillespie mat den zwee Gebuertsdagskanner vum Dag: D'Saxofoniste Stan Getz a Sonny Stitt.