Biotop
Dëmpelen a Weieren, ënnerschate Liewensraim
12 min
Si refletéieren d'Relatioun tëschent der Gesellschaft an hirem Ëmfeld. Inventairen zu Lëtzebuerg hu gewisen, datt tëschent 1962 an 1999 ronn 80 Prozent vun eise Klenggewässer verschwonne sinn. Zanter ufanks vum 21. Joerhonnert gëtt dëse Liewensraim awer nees méi Opmierksamkeet geschenkt, fir se z. B. ze restauréieren an och neier unzeleeën. Dëst geet zwar lues, awer net ouni Succès. Dat Schwéierst dobäi ass nees Liewensraim ze schafen, déi qualitativ héichwäerteg sinn an de Besoin vu méi spezialiséierten Déieren a Planzen entspriechen. Dobäi spillt d'Vernetzung eng ganz wichteg Roll.
Informatioune mat der Biologin Alexandra Arendt vun der Fondation Hëllef fir d'Natur