arrow_back_ios
Kultur
Vum Virdeel keng Virbiller ze hunn
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
An Äthiopie gouf d'Meskerem Mees gebuer, duerno vun enger belscher Koppel adoptéiert - opgewuess ass si bei Gent mat engem museksbegeeschterte Papp, an deem sengem Plackeschaf d'Songschreiwerin hir éischt Inspiratioun fonnt huet. 2021 koum hiren éischtem Album "Julius" eraus an zanterhier gehéiert si zu de spannendsten neie Stëmme vun der belscher Musek. Hire Stil nennt si minimalistesche Folk. Am Interview huet si erzielt, wéi si hir musikalesch Identitéit fonnt huet.