D'Caritas an den Ombudsmann fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlecher kritiséieren d'Situatioun an engem Foyer fir jugendlech Flüchtlingen an der Stad. 78 mannerjäreg Flüchtlingen, déi ouni Elteren op Lëtzebuerg komm sinn, sollen do vun nächstem Mount un ënnerbruecht ginn. Och wann elo kuerzfristeg bei der Finanzéierung nogebessert gi wier, kéinten d'Norme fir ee korrekten Encadrement " Dag an Nuecht ", wéi se soss fir Kannerheemer hei zu Lëtzebuerg gëllen, net respektéiert bedauert d'Caritas déi de Foyer mat der Ënnerstëtzung vum Office nationale de l'enfance geréiert. Den Ausseministère schwätzt vun engem Provisorium a wëll no neien Infrastrukture sichen, Maxi Pesch
arrow_back_ios
Aktuelles
Kritik u Foyer fir Flüchtlingen: 78 Jugendlecher ënnert engem Dag
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
