D'Zukunft vun der Industrie a seng weider Entwécklung muss vun der Politik ënnerstëtzt ginn. An deem Kontext huet d'Industriellefederatioun eng Rei Messagen en vue vun de Chamberwale formuléiert.
Energiekäschten, Dekarboniséierung, Erneierung vun de Betriber, Aarbechtszäit, Talenter unzéien, sinn e puer vun de Beräicher déi d'Fedil thematiséiert.