Kultur
Margarethe von Trotta am Gespréich
4 min
Si huet schonn eng ganz Rei Biografië vu bekannte Frae verfilmt, ënner anerem, Rosa Luxemburg a Hannah Arendt. Elo ass hiren neiste Film en Avant-première am Kader vum Luxfilmfest gewise ginn: "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." Riets ass vun der Dréibuchautorin a Regisseurin Margarethe von Trotta.
Véier Joer aus dem Liewe vun der Ingeborg Bachmann huet d'Margarethe von Trotta ausgewielt fir hire Film ze maachen. Et ass déi Zäit, wou d'Schrëftstellerin de Max Frisch kenne geléiert huet, mat him zesummen fir d'éischt zu Zürech an dann zu Roum gelieft huet. An et ass den Enn vun dëser Bezéiung an der Bachmann hirer uschléissender Rees an d'Wüst.
Fir d'Margarethe von Trotta war et kloer, datt si d'Roll vun der Ingeborg Bachmann mat der Vicky Krieps wéilt besetzen. Wisou dat esou war, erkläert si am Gespréich mam Valerija Berdi.
"Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." gëtt vum 26. Oktober 2023 un, an de Kinoe gewisen.