Viru 15 Joer gouf de Vëlo-Locatiounsservice Vel'Oh! an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. Säitdeem gräifen ëmmer méi Leit op de bloen Elektrovëlo zeréck. Lescht Joer louch d'Zuel vun Trajete bei 1 Millioun. Viru fënnef Joer waren et der nach 160.000. Zanter 2018 sinn d'Vëloen elektresch an d'Netzwierk gouf och bis an Nopeschgemengen erweidert. Ënner anerem och dowéinst hätt sech d'Unzuel un Abonnementer an de leschte fënnef Joer verduebelt, esou de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt. Et goufen a ginn awer och dacks Problemer: Virun allem leschte Summer si vill Vel'Oh!en verluer gaangen. Dem Patrick Goldschmidt, Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg no, sinn d'Reklamatiounen iwwer technesch Problemer an Tëscht manner ginn.
arrow_back_ios
Aktuelles
15 Joer Vel'OH! : D'Héichten an Déiften vum Locatiounsservice
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
