Kultur
Bach in the Subways
3 min
Den 21. Mäerz ass ee groussen Datum an der Welt vun der klassescher Musek - op deem Dag am Joer 1685 koum nämlech de Johann Sebastian Bach op d'Welt. An zanter 2010 gëtt deen Dag, ronderëm d'Welt, grouss gefeiert. Ugefaangen huet dat Ganzt mat Concerte vun engem Cellist zu New York mat Musek vum Bach. 2018 war dunn déi éischt Editioun vum "Bach in the Subways" zu Lëtzebuerg. An och dëst Joer hunn sech den AD LIBITUM an den INECC (Institut Européen de Chant Choral) erëm zesumme gedoe fir déi 5. Editioun vun dësem Festival, deen een Dag laang dauert, op d'Been ze stellen. D'Marie Schockmel huet sech mam Rosch Mirkes vun AD LIBITUM doriwwer ënnerhalen, ënner anerem iwwer den Ofschlossconcert haut den Owend an der Kierch Saint Thérèse zu Gaasperech.