Biotop
D'Harespele (k)eng Plo
17 min
Zanter datt de CGDIS net méi erausfiert fir Harespelsnäschter ewechzemaachen, kontaktéieren ëmmer méi Leit, d'natur&ëmwelt ASBL wéinst Problemer mat Harespelen.
300 verschidden Aarte liewe mat eis zesummen
A ganz ville Fäll loosse sech déi mat enger Berodung awer scho léisen. Wat vill Leit net wëssen, ass datt et eleng zu Lëtzebuerg iwwer 300 Harespelsaarte ginn, dovunner liewen der just eng 15 sozial, dat heescht se bauen Näschter, andeem se als Vollek mat enger Kinnigin liewen. A vun dëse 15 ginn et der just zwou, déi iwwerhaapt a Konflikt mat eis kommen, well se am Summer zum Schluss vun der Saison bei eis un den Iessdësch kommen, an dofir si mir net esou frou mat hinnen.
Bei natur&ëmwelt gëtt et eng Hotline an et kann ee sech zum Harespels-Beroder ausbilde loossen
Harespele sinn net grad déi beléiftsten Insekten, zemools wa se eis ze no kommen. Dobäi hu se nëtzlech Funktiounen.
Amplaz se ze verjoen, kënne mir eppes maachen, fir se ze schützen
D'Dr. Lieke Mevis, déi sech ënner anerem ëm d'Harespelsberodung këmmert bei der natur&ëmwelt ASBL, erkläert déi positiv Eegenschafte vun dëse klengen Déierchen a gëtt Rotschléi, wéi ee sech verhale kann, wann een en Nascht doheem huet, oder wa se engem ze no op de Pelz réckelen.
D'Hotline vun der Harespele Berodung bei natur&ëmwelt: 20 04 04 344