Kultur
Opus 78 : Nei Kompositioune fir Big Band, déi Zweet!
6 min
2022 war ee gutt Joe fir d'Big Band Opus 78. D'Equipe, déi vun hirem Präsident a Manager Joel Duhr betreit a vum Raoul Christophe geleet gëtt, huet der UGDA hiren Europäesche Concours vun de Big Bands gewonnen a gouf vum Kulturministère bei de Luxembourg Music Awards geéiert. Haut kënnt déi zweet Luxembourg Jazz Sessions Kompilatioun vum Ensembel eraus, fir déi Lëtzebuerger Jazz-Museker no Originalkompositioune gefrot goufen. Virgestallt gëtt den eenzegaartegen Disque den Owend op der Bün vum Ale Stadhaus zu Déifferdeng. De Marc Clement huet sech mam Joel Duhr iwwer dëse Concert an des Plack ënnerhalen.