D'Associatioun Zesumme fir Inklusioun zitt kee positive Bilan vum Inklusiounsystem zu Lëtzebuerg. Am Nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der UN-Konventioun fir Mënsche mat enger Behënnerung huet d'Regierung 55 Ziler festgehalen, déi bis spéitstens Enn 2024 sollen ëmgesat ginn. An de Beräicher Educatioun a Santé, mee och am Transport géing awer villes net klappen, an et wier kee politesche Wëllen do d'Saach richteg unzegoen, bedauert d'Presidentin vun der ASBL ZeFI. D'Marlène Clement huet mat hir geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Martine Kirsch : "De politesche Wëllen ass net do"
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Et ass nees esouwäit
Vun e Samsden op e Sonnden gëtt d’Zait nees em eng Stonn zréck geréckelt. D’ Julie Hoffmann war bei d'Leit nofroen wat si vun der Zäitëmstellung halen.
Ënnerwee op der Nuit des Musées
Den 10. Oktober war déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées.
Kaffi: Fir vill Leit net ewechzedenken
Fir vill Leit gehéiert de Kaffi zum Alldag. Mee bis en an eiser Taass lant, huet en e laange Wee hannert sech.
Éier d'Schueberfouer d'Dieren opmécht
Laang éier déi éischt Visiteuren iwwert d'Schueberfouer lafen, gëtt um Site scho fläisseg geschafft, datt déi verschidde Spiller an Attraktioune prett a sécher fir den Dag sinn.
Impressioune vun der Journée du Portugal
De 6. Juni war zu Diddeleng d'Journée du Portugal. An dem Kader war och de Portugisesche President AntonioJosé Seguro op der Plaz. Mir hunn e puer Impressiounen agefaangen.