Kultur
Konscht a Virtual Reality
5 min
U wat musst Dir denken, wann Iech ee vu Virtual Reality erzielt? Un een digitale Parallel-Universum? Oder éischter u Videospiller? Et ginn nämlech och nach ganz aner Saachen, déi mat Hëllef vun der VR realiséiert kënne ginn.
Op enger Konferenz am Casino Luxembourg hunn d'Kënschtlerin Dominique Gonzalez-Foerster an de Jean Botev - Chercheur op der Uni Lëtzebuerg - iwwer d'Konscht, an dee bal therapeuteschen Effekt vun der VR geschwat. De Joé Birchen erzielt eis méi iwwer déi Effekter vun der Virtueller Realitéit.