Biotop
Krunnewaasser oder Fläschewaasser?
12 min
Krunnewaasser ass genee esou gesond, an et ass sécher vill méi bëlleg a besser fir eis Ëmwelt wéi Fläschewaasser. Trotzdeem schleefe ganz vill Leit literweis Fläschewaasser heem, a si schwieren drop. Et gëtt verschidde Mythen, firwat d'Leit kee Krunnewaasser wëllen drénken: Qualitéitsbedenken, Leitungen, Kallek. Dës Mythen gëllt et ze entzauberen an d'Realitéit ze erklären, och firwat d'Waasser aus Plastiksfläschen ze vermeiden ass D'Drénke vu Krunnewaasser ass och en ëmweltfrëndleche Geste: manner Loftverschmotzung duerch Transport, Energieverbrauch, Waasserverbrauch a Plastikverschmotzung.
Eist Drénkwaasser ass eng wäertvoll a wichteg Ressource - dofir ginn et e puer Tuyauen, wéi Krunnewaasser am Alldag ka gespuert ginn vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.