Biotop
E Gaart fir Bestëpser
11 min
An engem bestëbserfrëndleche Gaart ginn et allerlee Klengstrukture fir eis Insekten, well si sinn déi, déi d'Bestëbse assuréieren. Bekannt fir hir aussergewéinlech Produktivitéit ass hei natierlech virun allem d'Hunnegbei, mee och wëll Beien, Harespelen, Bommelen a Solitärbeien droe ganz onopfälleg zum Bestëbsen, an esou der Produktioun vun Uebst a Geméis, bäi. Et ass also enorm wichteg, datt mir d'Bestëbser mat alle Méiglechkeete fërderen, privat, kommunal awer och staatlech.
Mir verwandelen de Gaart an en Insekteparadäis.
An engem Gaart kann ee vill Iddie verwierklechen. Et ass déi ideal Plaz fir Wellness oder Hobby-Gäertnerei. Dobäi dierf een net vergiessen, datt de Gaart och nach aner Matbewunner huet, z. B. Insekten, déi eng wichteg Roll beim Bestëbse spillen.
Informatioune gëtt d'Birgit Jacoby vun Natur&Ëmwelt.