Biotop
Nätzen: Waasser spueren, awer d'Planze gutt versuergen
8 min
Summer, Sonn, Hëtzt! Eis Planze brauchen de Moment méi Opmierksamkeet a virun allem Waasser, ob se op der Terrass oder am Gaart stinn.
"Et ass iwwregens méi Waasser-spuerend fir manner oft, an dofir awer dee Moment méi ze nëtzen - et geet méi wäit an de Buedem eran. Ech nëtzen also net all Dag just eng kleng Schlupp, mee 2 Mol an der Woch méi intensiv. Eis Planze reagéieren och drops a maache méi déif Wuerzelen."
Mee mir sinn opgeruff fir Waasser ze spueren! Wie seng Planzen nätzt, dee verbraucht dacks wäertvollt Drénkwaasser, an dat ass eng Ressource, déi knapp ass. En dréchene Summer wéi elo, dat wäerte mir am Zukunft nach dacks erliewen, an dofir musse mir léieren ze nätzen ouni ze verbëtzen.
Dee richtegen Zäitpunkt fir ze nätzen, Prioritéite setze beim Waasser ginn, de Buedem bedecken a lockeren, mat der richteger Method nätzen, Reewaasser sammelen, de Gaart clever ëmbauen - et gëtt eng sëllege Strategië fir ze nätzen ouni Waasser ze verbëtzen.
Mat der Beroderin Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung