D'Chamber huet gëschter (28.6.) gréng Luucht ginn, fir d'Legaliséierung vum Ubau doheem vu bis zu véier Cannabis-Planze pro Haus-Communautéit: een Ubau duerch Erwuessener a fir den eegene Gebrauch. Och de Cannabiskonsum am private Beräich gëtt erlaabt. D'Strofe fir de Besëtz vu manner wéi dräi Gramm Cannabis am ëffentleche Raum gi reduzéiert.
De Serge Kesseler informéiert.