Den Nationalmusée um Fëschmaart huet eng Crowdfunding Aktioun gestart, fir ee vun den bekannteste Biller vum Joseph Kutter ze kafen. Et geet dobäi ëm de "Champion" aus dem Joer 1932. Op dëser Toile huet de prominente Moler den duebele Gewënner vun der Tour de France vun 1927 an 28, den Nicolas Frantz, portraitéiert.
De Joé Birchen wollt vum Michel Polfer, dem Direkter vum Musée, méi iwwer d'Hannergrënn vun dëser Aktioun gewuer ginn.