Manner Buedemversigelung, iwwer d'Grenzen eraus zesummeschaffen a sech do entwéckelen, wou et Sënn mécht: Dat sinn déi dräi grouss Achse vun der neier Landesplanung, déi den Amenagements-Minister Claude Turmes gëschter (4.7.) presentéiert huet. Et hätt een aus dem Echec vun deem, wat et bis ewell war, geléiert. Et géif sech net just ëm eng Visioun handelen, mee ëm konkret Projeten. An déi Projete sollen och net op der Grenz ophalen - et wier een et nämlech och de wäit iwwer 200.000 Frontaliere schëlleg, fir bei hinne gutt Liewenskonditiounen ze schafen, dofir misst een iwwer d'Grenzen eraus mat de Gemengen zesummeschaffen, esou de Claude Turmes. Detailer Ana Angel
arrow_back_ios
Aktuelles
Dierfer bleiwen Dierfer, Stied gi Stied
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
