Een zwee Jazz
First Time! The Count Meets the Duke
60 min
Et vermëscht een de Kansas-City-Stil vun der Band vum Count Basie mam omni-amerikaneschen "Total Jazz" vum Duke Ellington Orchestra, an et erhält een eng memorabel Big Band Session. "First Time! The Count Meets the Duke" ass en Album vun den amerikanesche Pianisten, Komponisten a Bandleader Duke Ellington a Count Basie mat hire gemeinsamen Orchesteren, deen de 6. Juli 1961 vum Label Columbia opgeholl gouf.
Weider Titelen, déi op engem 6. Juli opgeholl goufen, waren "In The Land of Oo-Bla-Dee", geschriwwe vun der Mary Lou Williams an interpretéiert vum Dizzy Gillespie souwéi dem Benny Goodman seng legendär Versioun vu "Sing, Sing, Sing".