Biotop
Fiichtgebidder - Eng zweet Chance fir en existenzielle Liewensraum
9 min
Ënner der Definitioun vun engem Fiichtgebitt versti mir ee Liewensraum, deen als Iwwergang vum dréchenen zum aquatesche Beräich enger grousser Unzuel un Déieren a Planzen e Réckzuchsgebitt gëtt. Esou ziele Gebidder wie Moueren, Sümpfe, Fiichtwissen oder Aubëscher zu dësem Liewensraum. Leider sinn dës Gebidder awer weltwäit am verschwannen, dëst virun allem wéinst der Aktivitéit vum Mënsch. Intensivéierung vun der Landwirtschaft, Defragmentéiere vun der Landschaft an Urbaniséierung hunn dozou geféiert, datt zanter de 50er Joren iwwer 80 Prozent vun dëse Gebidder verschwonne sinn oder sech an engem ganz schlechten Zoustand befannen an doduerch natierlech och vill Aarte mëttlerweil extreem seele goufen. Dobäi hu Fiichtgebidder eleng schonn an hirer Funktioun als Kuelestoffsenker eng wichteg Roll am Kampf géint den Klimawandel.
Explikatioune vum Kevin Jans, Geographe bei der Fondation Hëllef fir d' Natur vun natur&ëmwelt