Sech fir seng Rechter als Passagéier asetze soll an Zukunft méi einfach ginn. Dat huet de Konsumenteschutzministère, de Lëtzebuerger Konsumenteschutz ULC an den europäesche Konsumenteschutz CEC gëschter virun der Press annoncéiert. D'Zesummenaarbecht tëschent deenen eenzele Servicer soll esou funktionéieren, datt et fir de Passagéier schlussendlech egal ass, u wéi ee Konsumenteschutz hie sech riicht - d'Plaintë sollen zentral behandelt ginn. D'Ana Angel informéiert.
arrow_back_ios
Aktuelles
Passagéierrechter méi einfach revendiquéieren
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
