Kultur
De Mike Bourscheid am CNA-Elfenbeintuerm
"So so Summer", esou ass de Summerprogramm am CNA zu Diddeleng, vum nächsten Donneschdeg un, iwwerschriwwen. An deem Kontext kënnt Dir zum Beispill dem Mike Bourscheid an der Vanessa Brown hir Installatiounen am Pomhouse an am Waassertuerm entdecken. D'Kënschtlerkoppel stellt ënner dem Titel "The hand that topples the tower" aus, presentéiert awer zwou verschidden Foto-Film-Skulpturen-Installatiounen.
D'Kerstin Thalau huet mam Mike Bourscheid, gebiertegen Escher a Walkanadier, deen 2017 fir Lëtzebuerg op der Biennale zu Venedeg war, iwwer seng nei Aarbecht geschwat.