arrow_back_ios
Kultur
Fir de Mao op den Everest
E Chinees huet missten deen éischte Mënsch sinn, deen den Daach vun der Welt iwwer déi tibeetesch Säit géif erreechen. Dat war d'Ambitioun, ufanks den 1960er Joren, vum kommunistesche Regimm ënner dem Mao Tse-tung. Dee franséischen Aventurier Cédric Gras erzielt dës opwänneg ideologesch Entreprise a sengem Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock).
De Michel Delage huet sech Enn Mee um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Auteur ënnerhalen.